Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Als Trauerwee ennerstëtzen a begleede mir Kanner a Familjen an hirer Trauer an et läit eis um Häerz d'Themen ronderëm den Doud an Trauer méi an eiser Gesellschaft ze integréieren. An dofir: Endlech gëtt et dëse Podcast. 

Episodes

#14 Papa du feels

Sep 10, 2026

Sep 10, 2026

21 min

Nodeems dem Luca säi Papp gestuerwen ass, kënnt hie reegelméisseg bei den Trauerwee. An dëser Podcast-Folleg erzielt hien eis wéi hie mat senger Trauer ëmgeet a wéi him dobäi Ritualer an d’Musik weider hëllefen.

Sep 10, 2026

21 min

#13 De Sascha

May 21, 2026

May 21, 2026

1 hr 27 min

An dëser Podcast-Folleg gëtt am Detail iwwer den Doud vun enger Persoun geschwat. Verschidde Beschreiwunge kënnen emotional belaaschtend sinn.
Wéi geet een als Kand mam Dout vun sengem grousse Brudder ëm? D’Stefanie schwätzt an dëser Episod iwwert säi Verloscht an iwwert seng Aart a Weis domadder ëmzegoen. Am Podcast héiert een och dem Stefanie alias TYRA säin néit d’Lidd „Sascha“ - eng ganz speziell Hommage u säi grousse Brudder.

May 21, 2026

1 hr 27 min

Mar 9, 2026

42 min

Wat geschidd mat enger Famill, wann d'Mamm op eemol feelt? An dëser Episod schwätze mir mam Yves Barthels iwwert de Verloscht vu senger Fra an d'Verännerungen, déi doduerch a sengem Lierwen agetruede sinn. 

Mar 9, 2026

42 min

#11 Suizid

Jan 14, 2026

Jan 14, 2026

45 min

Suizid vum Papp an der Kandheet, wéi geet een als Erwuessenen mat dësem Verloscht em? An dëser Episod schwätzt d'Simone Thill mat der Erzielkënschtlerin dem Luisa Bevilacqua iwwert Konscht an den Doud.

Jan 14, 2026

45 min

Jan 14, 2026

51 min

Wéi geet een domat ëm, wann een e Mënsch verléiert, deen engem immens vill bedeit huet? Wéi kann een traueren, ouni sech selwer ze verléieren? Wat heescht et, wierklech Äddi ze soen a wéiwäit däerf oder soll e Kanner mat abannen? 
D’Simone Thill schwätzt an dëser Episod mam Martine Wirtz iwwert de leschten Äddi. 

Jan 14, 2026

51 min

Jan 14, 2026

57 min

D'Rentrée steet virun der Dir - a fir verschidde Kanner ass alles aneschters well an der Summervakanz e wichtege Mënsch gestuerwen ass. 
Fir den Enseignant stellt sech d'Fro: Wéi reagéieren ech bei engem betraffene Kand? Wat kann hëllefen?
An dëser Folleg, gi mer dëse Froen no a schwätze mam Nadine Wagner, Enseignante am Cycle 1 iwwert hir Erfarung mam Thema Trauer an der Schoul.

Jan 14, 2026

57 min

Jan 14, 2026

46 min

Wéi geet ee mat der Trauer vun anere Mënschen ëm? Wat bedeit et, Wierder ze fannen, wann anerer se verléieren?
An dëser Episod vum Podcast schwätzt d'Simone Thill mam Marceline Goergen iwwert hier Aarbecht als Trauerriednerin.  

Jan 14, 2026

46 min

Jan 14, 2026

1 hr 10 min

Dës Episod ass eng Opnam vun der Konferenz déi d'Simone Thill den 23.04.2025 am Kader vun der Ausstellung Trauer - En Deel vum Liewen an der Gemeng Kielen gehalen huet.

Jan 14, 2026

1 hr 10 min

Jan 14, 2026

46 min

An dëser Episod schwetzt d'Simone Thill mam Zoe. D‘Zoe war engt vun den éischte Kanner wat virun 10 Joer an d'Trauergruppe vum Trauerwee komm ass nodeems säi Papp verstuerwe war. 

Jan 14, 2026

46 min

#5 Suizid

Jan 14, 2026

Jan 14, 2026

1 hr 2 min

An dëser Episod dréit sech alles ronderëm di komplex Themen vum Suizid. D'Simone Thill schwätzt mam Vicky Pundel, enger betraffener Schwëster. 

Jan 14, 2026

1 hr 2 min

Copyright 2026 All rights reserved.

Podcast Powered By Podbean

Version: 20241125